Eist Sortiment

Vins et Crémants

Iis 14 Hektar Wéngerten op Muschelkallékbuedem sinn a gënschteger Südostlag zur Sonn hin ausgeriicht. Dëst ass d’Garantie fir eng optimal Maturitéit vun den Drauwen.

Duerch eng strikt Ausdënnung vun den Drauwen um Riefstack an duerch eng suergfälteg Auswiel wärend der Lies entwéckelen d’Wäiner spéider hir filigran, delikat Struktur. Modern Wäiveraarbechtung, baséiert op traditionelle Methoden, produzéiert Wäiner mat enger besonnescher aromatescher Villfalt.

Tradition du Domaine

Vu Generatioun zu Generatioun konnten d'Grënner sech weiderentwécklen fir aus hiren Innovatiounen eng Traditioun fir déi nächst Generatioun ze schafen. Jiddereen huet dobäi déi selwecht Richtlinn behalen, d'Drauwenzorten an d'Terroiren opgewäert andeems se, jee no Ofstamung, grued awer komplex, frësch awer vollmundeg, fruuchteg, blummeg oder mineralesch Wäiner entwéckelt hunn.
Entdeckt dës Selektioun

Arômes et
Couleurs

Dës typesch Gamme vum Domaine zeechent sech duerch Eleganz, Feinheet a Präzisioun aus. Sie hieft d’Kombinatioun vun Drauwenzort a Lag ervir. Et handelt sech em gastronomesch Wäiner déi eng fein Kichen a besonnech Occasioune begleeden.
Entdeckt dës Selektioun

charta.Luxembourg

De Numm charta.Luxembourg versprëcht exzellent Wäiner. Des sinn d'Resultat vun héchsten Usprëch un d‘Drauw an de Wënzer. D'Charta-Wäiner sinn déi qualitativ Quintessenz vum Domaine Schlink.
Entdeckt dës Selektioun

Crémant de
Luxembourg

Duerch seng technesch Expertise an der Produktioun vu präzisen an elegante Wäiner huet den Domaine sech 1986 och un de Mousseux gewot, deen d’Grondlag vum 1991 agefouerte „Crémant de Luxembourg“ ass. Haut ass den Domaine Schlink mat sengen ënnerschiddlechen awer sech ergänzende Produiten e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Musel. Fir dës ganz Sortiment ze entwéckelen ginn all Drauwenzorten an Tanken oder an Eechefässer mat engem Räifeprozess op der Hief tëschent 15 a 40 Méint ausgebaut. En ass passend fir d’Liebhaber vum Schampes bäim Apéritif bis zum Plat a bäi all Geleeënheet.
Entdeckt dës Selektioun

Tradition du Domaine

Vu Generatioun zu Generatioun konnten d'Grënner sech weiderentwécklen fir aus hiren Innovatiounen eng Traditioun fir déi nächst Generatioun ze schafen. Jiddereen huet dobäi déi selwecht Richtlinn behalen, d'Drauwenzorten an d'Terroiren opgewäert andeems se, jee no Ofstamung, grued awer komplex, frësch awer vollmundeg, fruuchteg, blummeg oder mineralesch Wäiner entwéckelt hunn.
Entdeckt eist Sortiment

Arômes et
Couleurs

Des typesch Gamme vum Domaine zeechent sech duerch Eleganz, Feinheet a Präzisioun aus. Sie hieft d’Kombinatioun vun Drauwenzort a Lag ervir. Et handelt sech em gastronomesch Wäiner déi eng fein Kichen a besonnech Occasioune begleeden.
Entdeckt eist Sortiment

charta.Luxembourg

De Numm charta.Luxembourg versprëcht exzellent Wäiner. Des sinn d'Resultat vun héchsten Usprëch un d‘Drauw an de Wënzer. D'Charta-Wäiner sinn déi qualitativ Quintessenz vum Domaine Schlink.
Entdeckt eist Sortiment

Crémant de
Luxembourg

Duerch seng technesch Expertise an der Produktioun vu präzisen an elegante Wäiner huet den Domaine sech 1986 och un de Mousseux gewot, deen d’Grondlag vum 1991 agefouerte „Crémant de Luxembourg“ ass. Haut ass den Domaine Schlink mat sengen ënnerschiddlechen awer sech ergänzende Produiten e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Musel. Fir dës ganz Sortiment ze entwéckelen ginn all Drauwenzorten an Tanken oder an Eechefässer mat engem Räifeprozess op der Hief tëschent 15 a 40 Méint ausgebaut. En ass passend fir d’Liebhaber vum Schampes bäim Apéritif bis zum Plat a bäi all Geleeënheet.
Entdeckt eist Sortiment
Wine & Spirits Follow us on instagram

Made with love by Qode Interactive

X