Eis Geschicht

1911

D’Famill Jean-Pierre Hoffeld grënnt de Wënzerbetrib a baut déi éischt Kelleren.

1952

De Jean an d‘Anne Schlink-Hoffeld iwwerhuelen de Betrib.

1980

Bau vun engem neie Keller op 1, rue de l’Eglise zu Meechtem.

1991

Aféierung vun der offizieller Bezeechnung „Crémant de Luxembourg“.

1993

De René an d‘Edmée Schlink-Clemens iwwerhuelen de Betrib zesumme mam Jean-Paul Schlink.

1996

Déi éischt Rout- a Roséwäiner ginn ausgebaut (Pinot Noir).

2005

Bau vun der „Wäistuff Deisermill“ mat engem Keller fir de Stockage vu Crémant.

2007

Grënnungsmember vun der „charta.Luxembourg“.

2013

Neie Logo vum Wënzerbetrib ab dem Jargang 2012.

2020

De Jean-Marc Schlink iwwerhëlt de Betrib.

Aktuell ëmfaasst de Betrib 14 ha Wéngerten a produzéiert Wäisswäiner, Rosé a Routwäiner souwéi Crémant de Luxembourg.

Eis Lagen

De Wënzerbetrib SCHLINK domaine viticole läit op der lëtzebuerger Musel an deem pittoresken Duerf Meechtem.

Méi Informatiounen iwwer eist Lagen

Eis Philosophie

Nohaltege Wäibau ass e wesentlecht Zil an der Ausriichtung vum Wënzerbetrib.

Mir beméien iis drëm, all Beräicher vum Betrib (Wéngertsaarbecht, Kellerwirtschaft a Vermaartung) am Sënn vun der Nohaltegkeet permanent ze optiméieren.

Entdeckt méi iwwert eis Philosophie
Wine & Spirits Follow us on instagram

Made with love by Qode Interactive

X