Eis Lagen

Eis Wéngerte leien zu Meechtem a Wuermer a sinn a gënschteger Südostlag zur Sonn hin ausgeriicht.

Zu Meechtem sinn dëst déi bekannte Lage Gëllebuer, Ongkaf a Widdem, zu Wuermer Köppchen an Heiligenhäuschen. Hei fanne mer dee fir di Lëtzebuerger Musel typesche wäisse bis giele Muschelkallekbuedem; en dréchenen a stengege Buedem, dee besonnesch am Steilhang éischter schwéier ze bewirtschaften ass.

Eng Eegenaart vum Muschelkallek ass säin héijen Toungehalt. E versuergt ideal mat Mineralien an ënnerstëtzt sou de Wuesstem vun de Riewen. Déi sëllege Steng am Buede kënnen dobäi d’Hëtzt späicheren. D’Steng leeden d’Hëtzt séier weider soudass den Toun waarm gëtt. Dee gëtt d’Hëtzt dann no a no un d’Riewen of, wat optimal fir hier Entwécklung ass.

De Muschelkallek ka just kleng Waasserquantitéite späicheren. Nëmmen en Deel dovu bleift am Toun gebonnen. Vue dass d’Riefstäck awer Waasser brauche fir ze wuessen, sinn se gezwongen, déif a kräfteg Wuerzelen ze bilden; d’Basis fir exzellent Wäiner, rasseg an elegant mat dem gewëssen Extra.

Eis Philosophie

Nohaltege Wäibau ass e wesentlecht Zil an der Ausriichtung vum Wënzerbetrib.

Mir beméien iis drëm, all Beräicher vum Betrib (Wéngertsaarbecht, Kellerwirtschaft a Vermaartung) am Sënn vun der Nohaltegkeet permanent ze optiméieren.

Entdeckt eis Philosophie

Eis Geschicht

De Familljebetrib gouf 1911 gegrënnt

De Wënzerbetrib huet sech weiderentwéckelt duerch d'Acquisitioun vu Wéngerten, de Bau vun engem neie Keller an d'Aféierung vun neie Veraarbechtungstechnike fir de Wäin.
Entdeckt eis Geschicht
Wine & Spirits Follow us on instagram

Made with love by Qode Interactive

X