Eis Philosophie

Nohaltege Wäibau ass e wichtege Bestanddeel vun iisem Wënzerbetrib.
Dobäi gëllt et, all d‘Deeler vum Betrib (Wéngertsaarbecht, Kellerwirtschaft, Vermaartung) am Sënn vun der Nohaltegkeet reegelméisseg ze optiméieren.

Am Wéngert heescht dat, Planzeschutzmëttel an Dünger nëmmen no Bedarf anzesetzen an Ëmweltschutzkrittären ze berücksichtegen. Hei gëllt d’Devise „sou vill wéi néideg, sou wéineg wéi méiglech“. Eist Ziel ass et, méiglechst naturno ze schaffen.

Dat fänkt am Wanter un, wou d’Riefstäck éischter op eng wéi op zwou Rudden zeréckgeschnidde ginn.

Ufank Mäerz fänkt déi mechanescher Onkrautbekämpfung un. Mat der Rull- a Fangerhack gëtt d’Onkraut zréckgeschnidden an den opgelackerte Buedem zerklengert a verdeelt. Ausserdeem gëtt de Wéngert mam Kultivator befuer, fir de Buedem optimal ze duerchlëften an d’Onkraut ronderëm d’Stäck wechzemaachen.

De Summer iwwer gëtt d’Onkraut mat engem Fadenmäher kleng gehalen.

Den Ertrag gëtt duerch eng fréi Entbliederung am Juli reguléiert, soudass mir eng Verriselung vun den Drauwen kréien. Am Summer ass eng héich Lafwand entscheedend, fir d’Photosynthes ze verbesseren.

Mat der Hëllef vu Saisonsaarbechter gëtt vollstänneg per Hand gelies. Duerch den Asaz vu modernsten Technike kënnen d’Drauwe schounend gepresst ginn. Uschléissend huet d‘Gärung eng Temperatur tëschent 16 an 18°C fir e konstanten Ofbau vum Zocker ze garantéieren.

Iwwert de Wanter räifen d‘Wäiner an Edelstol- oder Barriquefässer a ginn ab ugangs vum nächste Jar agefëllt.

Hei gëtt drop Wäert geluet, méiglechst ressourcëschounend ze Schaffen.

Eis Wéngertslagen

De Wënzerbetrib SCHLINK domaine viticole läit op der lëtzebuerger Musel an deem pittoresken Duerf Meechtem.

Méi Informatiounen iwwert eis Lagen

Eis Geschicht

De Familljebetrib gouf 1911 gegrënnt

De Wënzer huet sech weiderentwéckelt duerch d'Acquisitioun vu Wéngerten, de Bau vun engem neie Keller an d'Aféierung vun neie Veraarbechtungstechnike fir de Wäin.
Entdeckt eis Geschicht
Wine & Spirits Follow us on instagram

Made with love by Qode Interactive

X